Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

RASE

  • 2024-07-05 | Fest

    Familljefest Multi-Kulti

    D’Kanner an d’Personal vun SEA vun der Gemeng Suessem lueden Iech häerzlechst an op hiert traditionellt Familljefest, e Freide 5. Juli ab 16. Auer zu Zolwer beim Festikuss.
    Dëst Joer dréint sech Alles bei eis Fest em dat multikulturellt Zesummeliewe bei eis an de Strukturen an an eiser Gemeng. Sou ginn et vill Animatiounen a kulinaresch Spezialitéiten aus diverse Länner.
    Um 17h00 gëtt de Kanner-Live-Spektakel Olympia opgefouert. Dësen Theaterprojet gouf di leschte Wochen a Méint vun de Gruppe vum SEA astudéiert, sou dass et dann e Freiden zu der Uropféierung vun dësem Kannertheaterstéck kënnt,
    Um 18h00 gëtt och di éischte Véirelsfinall vun der Fussball-Europameeschter live aus Stuttgart gewisen.
    Donieft ginn et nach weider Optrëtter, vill Animatioun, Iwwerraschungen an natierlech di beschte Spezialitéite fir z’Iessen an ze Drénken zerwéiert.
    Mär freeën eis op äre Besuch…

RASE (Relais d'accompagnement socio-éducatif)

Adress / Kontakt


Service RASE
1, Passage Pablo Picasso
L-4457 Belvaux
(Bâtiment B – 1er étage)


Tél: 59 30 75 - 2030 / - 2031
E-mail: rase@suessem.lu

Cindy AFONSO

Assistante sociale

Tél: 59 30 75 - 2030 / 621 284 296

E-mail: cindy.afonso@suessem.lu

Joana RIBEIRO

Educatrice graduée

Tél: 59 30 75 - 2031 / 621 326 645

E-mail: joana.ribeiro@suessem.lu



Ëffnungszäiten

8h00 - 12h30 / 13h30 - 16h00

De sozialen an educative Service « RASE » ass e gratis a benevolle Service vum SEA (service d’éducation et d’accueil) vun der Suessemer Gemeng, deen dem erzéiereschen Team, de Kanner an hire Familljen zur Verfügung steet.
All d’Professioneller vum soziale Secteur,

Erzéier·innen, Enseignanten, Elteren/Tuteuren, esou ewéi d’Kanner selwer, kënnen sech wärend den Ëffnungszäiten (8h00 - 12h30 / 13h30 - 16h00) un den Service wenden. Rendez-vous‘en ausserhalb vun dësen Horairë sinn op Ufro och méiglech.

Opgrond vun Ärer Situatioun, kënne mir Iech follgend ubidden :
* Ënnerstëtzung a Berodung fir Kanner an deenen Hir Famill, esou ewéi fir d‘erzéierescht Team vum SEA.
* Orientéierung an Hëllefsstellung fir Familljen, déi sech iwwerfuerdert fillen an/oder sech an enger Krisesituatioun befannen.
* Jee no Besoin, psychopedagogesch Ënnerstëtzung fir d‘Familljen, esou ewéi fir d‘Team vum SEA.
* Hëllef an den erzéieresche Moossname vun alle Bedeelegten, an dës ouni Virurertdeeler, esou ewéi a kompletter Vertraulechkeet.


« Ëm Hëllef ze froen, ass en Zeeche vu Stäerkt ! »